NEW Educateur diplômé / gradué (M/W/NB) - Internat Wolz
arcus asbl
📍 Wiltz, Diekirch, Luxembourg
Job Description
Mir sichen fir d'Internat zu Wolz: Educateur diplômé / gradué (M/W/NB) am CDI mat 25-35 Stonnen/Woch
D'Internat Wolz läit zentral, awer roueg, bei der Gare. Et ass e neit a modernt Gebai, ëmgi vun enger Wiss an engem Basketballterrain. D’Internat bitt 24 Schüler, déi am Norde vum Land an e Lycée ginn (LN, LESC, LCD, etc.), en Doheem un.
Deng Aufgaben:
Encadrement vu Jugendlechen an hirem Alldag
Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendlechen ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen
Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen
Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun de Jugendlecher
Eng enk Zesummenaarbecht mat den E...