Educateur diplômé oder Agent éducatif (m/w/d) fir d'Maison Cales CDI 75% - 80%
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
📍 Mersch, Mersch, Luxembourg
Job Description
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Jugendlechen leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.
Fir eis Wunngrupp Maison CALES, déi weiblech Jugendlecher tëscht 12 an 18 Joer, an engem Wunnquartier an der Staat Lëtzebuerg begleet, baue mir eng nei Equipe op.
Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktive anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee ze méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden.
Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbec...